D'Geschicht vun

 

1981 hu véier Zaldote sech zesumme fonnt an einfach hir respektiv Instrumenter iwwerall matgeholl, fir zesummen ze musizéieren. Et waren dat de Giannuzzi Raoul (Flütt a Perkussioun), de Penning Alain (Gittar a Gesank), de Schmitz René (Instrument mat Tastatur a Gesank) esou wéi de Schott Gérard (Gittar, Gesank a Perkussioun).

Am Juli 1982 war eng „Porte Ouverte” um Härebierg an déi véier Zaldoten hu sech mat engem klenge flotte Repertoire och der Ëffentlechkeet presentéiert. Hiren deemools originellen Numm „Orchester Doud entlooss” war zu där Zäit en aktuelle „Slogan”,  wann en Zaldot säin Exame gepackt hat, fir an eng Carrière beim Staat eranzegoen.

De Ries Nico war deemools Kompanie-Chef an heemleche Fan vu senge musizéierenden Zaldoten. Mat senger Ënnerstëtzung an duerch hiert Optrieden hu se op sech opmierksam gemaach an do war bei engem Schoulmeeschter vun der Arméi, dem Ney Emmanuel genannt „Mani”, dann och d‘Iddi gebuer, fir nach am selwechte Joer en „Zaldote Bal” ze organiséieren, an dat am Kader vu „15 Joer Fräiwëllegen-Arméi.

Déi alleréischt Nouten, déi AWACS deemools gesinn hunn, koume vum Orchester „The Oldies”, wat de Juchem Claude a seng Trupp war. Och wann déi Nouten net laang gebraucht gi sinn, gehéiere se zum Ursprong. Genau deen Detail huet mat sech bruecht, dass de Schott Gérard dem Ney Emmanuel „Jo” gesot huet, fir dass den „Zaldote Bal” iwwerhaapt konnt stattfannen. Ouni déi Nouten wier et keen „Zaldote Bal” ginn an och, wie weess dat schonn, keng AWACS entstanen!

Vun do u waren et net méi véier Zaldoten, mä zéng Zaldoten, an zwar ausschliisslech Zaldoten. Et waren dat, natierlech déi véier Zaldote Giannuzzi Raoul (Flütt a Perkussioun), de Penning Alain (Gittar a Gesank), de Schmitz René (Instrument mat Tastatur a Gesank), de Schott Gérard (Gittar a Gesank). Dobäi koumen de Krippler Guy an de Soisson Georges (Perkussioun), de Reckel Marc (Bass), de Guillaume Christian (Saxophon), de Schank Paul (Trombone) an de Spirinelli Serge genannt „Spiri !” (Trompett, Technik a Gesank).

1scht Rei vu lénks no riets: Penning Alain; Schott Gérard; Spirinelli Serge; Guillaume Christian.

2t Rei vu lénks no riets: Schank Paul; Schmitz René; Krippler Guy; Reckel Marc.

3t Rei vu lénks no riets: Soisson Georges; Giannuzzi Raoul

Natierlech war esou eng Formatioun op eng Logistik ugewisen. Dofir hunn technesch de Federspiel Fernand an administrativ esou wéi moralesch de Ries Nico an de Brück Armand gesuergt. E spéidere Member vun AWACS sollt awer och schonn zu deem Zäitpunkt administrativ aktiv sinn, de Schmitz Claude. Hie war Sekretär beim Ney Emmanuel.

De Brück Armand war deemools Kommandant vum „Centre d’Instruction Militaire” um Härebierg. Hien huet dofir gesuergt, dass AWACS sech konnt entwéckelen.

Op der Sich no engem Numm, ass dem Ney Emmanuel net entgaangen, dass zu deem Zäitpunkt d‘NATO sech mat Fligeren equipéiert hat, déi hei zu Lëtzebuerg immatrikuléiert goufen a generell ënnert der Bezeechnung „Airborne Warning and Control System” bekannt goufen, also ofgekierzt AWACS.

Aus dem „Orchester Doud entlooss” eraus, ass dunn am August 1982 d‘Formatioun AWACS entstanen, als „Orchestre des volontaires de l’armée”.

AWACS hat näischt mat der Militärmusek oder mat der Garnisounsmusek ze dinn. Et waren einfach Zaldoten, déi de Wonsch fir en „Zaldote Bal“ ofzehalen, ëmgesat hunn.

Den 13. November 1982 war et dann esou wäit. Den éischten „Zaldote Bal“ gouf zu Dikrech an der Aler Brauerei ofgehalen. Mat der Militärmusek als „Virgrupp” a mat ongeféier 4.000 „Entréeën”, kann een natierlech vun engem groussen Erfolleg schwätzen.

Den 3. Dezember 1983 war den zweeten „Zaldote Bal“ mat genau esou engem groussen Erfolleg wéi den éischten. Duerno war leider, bis haut, keen „Zaldote Bal“ méi.

Mä den eigentlechen Erfolleg war deen, wat duerno lassgetrëppelt gouf. Zivill Organisateuren hu sech fir déi Zaldoteformatioun interesséiert an hu vill Geleeënheete fonnt, fir AWACS ze engagéieren. Den Amalgamm zwësche Militär an Zivill huet seng Friichte gedroen an AWACS gouf zu engem Ambassadeur fir d‘Militär an der Zivilgesellschaft.

E wichtege Faktor, deen zum Erfolleg bäigedroen huet, war déi deemoleg Musekrichtung vun Danzmusek, déi AWACS konsequent duerchgezunn hunn, well et esou gutt wéi keen Orchester méi gouf, deen dat an där Form gemaach huet.

Am Laf vun der Zäit, zwëschen 1982 an 1994 huet dann deen een oder deen aneren Zaldot seng Carrière beim Stat ugefaangen, an dat huet sech dann och deementspriechend op d‘Besetzung vun den AWACS ausgewierkt.

Well et ëmmer méi schwéier gouf d‘Zaldoten duerch Zaldoten op deene respektiven Instrumenter ze ersetzen, koume lues a lues och Ziviliste bei AWACS. An der ganzer Geschicht, wou AWACS gespillt huet, waren et eng 50 Leit (Zaldoten an Zivill), déi sech esou d‘Bengele respektiv d‘Instrumenter oder d‘Mikroen esou wéi d‘Technik oder d‘Administratioun an de Grapp gedréckt hunn.

Och wann déi relevant Nimm an dësem Historique feelen, se hunn dach alleguer dozou bäigedroen, dass AWACS zu enger renomméierter „Cover Band“ ginn ass.

Och huet sech d‘musikalesch Richtung lues a lues geännert, fir sech dem Trend vun der Gesellschaft unzepassen. Wéi 1994 de leschte Militär AWACS verlooss hat, huet vun do un eng reng zivill Besetzung AWACS weider gefouert, bis 2004 de Rideau zougemaach ginn ass.

2017, erliewe mer AWACS erëm an enger Besetzung mat deene Leit, déi an der Period 1982 bis 1992 aktiv dobäi waren, déi deemools ënnert ongewéinleche Konditiounen an op eng formidabel Aart a Weis matgehollef haten, AWACS zu deem ze maachen, wat AWACS haut nach ëmmer ass.

37 Joer duerno, sin nach ëmmer véier Leit dobäi aus der Originalbesetzung vun 1982.

Haut setzt sech AWACS zesummen aus folgende Militär, Ex-Militär an Zivilisten. D‘Nimm sinn an alphabetescher Reiefolleg:

​Giannuzzi Raoul 

Joly Yvan   

Juchem Claude    

Lauer Joëlle 

Penning Alain

Pizzaferri Sonja  

Schockmel Claude

Schott Gérard   

Schumacher Yves

Spirinelli Serge    

Weber Mariette         

Flütt a Gesank

Batterie a Perkussioun

Instrument mat Tastatur a Gesank

Gesank

Gittar a Gesank

Saxophon a Gesank

Toun Technik

Gittar

Bass

Trompett, Gesank,

Gesank

Copyright © GS 2017